Objet du mois, juin 2024

»Musik für die Augen«

Dem Roger Manderscheid seng »schrëftbiller«

Vu Wäitem gesäit et aus wéi en Text, e Gedicht vläicht, mee wann ee méi no kënnt, gesäit een, dass et sech guer net esou einfach entziffere léisst. Rieds ass vum Roger Manderscheid senge schrëftbiller. De CNL huet dräi dëser schrëftbiller: Eent dovu gëtt an der Konschtsammlung versuergt, eent kann een als Lecteur am Moment am Liessall betruechten, an dat drëtt huet deen een oder anere Visiteur vläicht scho bei enger Manifestatioun virun der Salle Tony Bourg entdeckt.

Wéi den Numm et scho seet, sinn d’schrëftbiller gemoolte Biller vun eppes, dat ausgesäit wéi Schrëft, awer eigentlech keng ass. Wéi bei engem Text sinn déi fiktiv Buschtawen oder buschtawenänlech Elementer propper op enger imaginärer Linn ›geschriwwen‹. D’Strécher deiten dorop hin, dass de Stëft net lues an iwwerduecht gefouert gouf, mee éischter séier an intuitiv, wéi een et eebe beim Schreiwe mécht, wann ee ganz séier seng spontan Gedanke wëll festhalen ier se fort sinn, an dobäi net weider oppasst, ob déi eenzel Buschtawe schéi geschriwwe sinn. Doduerch verstäerkt sech den Effekt an d’Iddi, dass et sech tatsächlech ëm Schrëft handelt.

Beim Roger Manderscheid fléissen d’Schreiwen an d’Zeechnen oft aneneen. Effektiv huet den Auteur d’Zeechne scho laang virum Schreiwe praktizéiert a gesäit d’Mole wéi eppes, fir dat een net vill Iwwerleeë muss. Et ass méi direkt an emotional, »ein Gegenmoment, eine Kompensation zum Schreiben« (Sarah Lippert, Livres = Bücher, Apr. 2009, S. 11). Et ass also net verwonnerlech, dass hien am Laf vu senger Karriär déi zwou kreativ Tätegkeeten ëmmer méi verbënnt an d’Spill mat der Schrëft esou e feste Bestanddeel vu ville vu senge Biller gëtt. Schrëftimitatioune gesäit ee bei sengem kënschtleresche Schafe vill, an d’Buschtawe ginn dacks, entweeder a Form vu kohärente Wierder a Sätz oder als onzesummenhängend grafesch Elementer, a seng Biller integréiert.

D’Zeechnunge gras (2003) an natur kennt keine grenzen (2005) ginn oft als Virreider vun de schrëftbiller ugesinn. Bei dëse Biller gëtt d’Schrëft esou wäit verzerrt a verfriemt, dass se ëmmer méi onlieserlech gëtt. Mat de schrëftbiller, déi de Manderscheid selwer als »Musik für die Augen« bezeechent huet, ass ee bei der kompletter Buschtawenabstraktioun ukomm. 2006 sollen »die allerersten, sicher provisorischen Versuche in Richtung schrëftbiller« entstane sinn, a spéider gehéiert d’Schafe vun de schrëftbiller zum Kënschtler sengem Alldag. Wärend annerhallwem Joer, vum Hierscht 2006 bis Enn 2008, huet hien iwwer 2.000 esou Wierker geschaf, heiansdo méi wéi 10 an engem Dag (Roger Manderscheid, ech fléie wann dee schluet eriwwer ass, S. 97-98).

Mee anescht wéi ugeholl huet de Roger Manderscheid d’Mole vu schrëftbiller net eréischt zu dësem spéiden Zäitpunkt ugefaang: Déi schrëftbiller, déi de CNL huet, si signéiert vun 1998. Si ënnerscheeden sech optesch och staark vun de spéidere Wierker, déi faarweg sinn an éischter un orientalesch Ornamenter oder abstrakt Naturlandschaften erënneren. Déi schrëftbiller, déi de CNL huet, si manner verschnörkelt, an doduerch, dass se mat engem einfache schwaarzen Tuschbic ›geschriwwe‹ sinn, erënneren se nach méi u richtegen Text. D’A probéiert ëmmer erëm, no bekannte Muster ze sichen, wouduerch een dës Wierker stonnelaang betruechte kéint, an ëmmer erëm eng aner Geschicht ze liese mengt.

Solange Wagner



CNL, Konschtsammlung, CNL ART 267.

Dernière mise à jour