 
                
            
            
            
                
            
        
        Zënter 2016 publizéiert de Centre national de littérature an Zusammenaarbecht mam SCRIPT didaktescht Material fir den Däitsch-, Franséisch- an Engleschunterrecht, dat et Enseignanten erliichtert, Texter vu Lëtzebuerger Autorinnen an Auteuren am ESC an ESG ze behandelen. Een Deel vun dësen Texter staamt aus der 2012 vun der Éducation nationale publizéierter Anthologie Literaresch Welten, déi däitsch, franséisch a lëtzebuergesch Texter enthält an an alle Schoulen als Klassesaz verfügbar ass.
D‘Material gëtt den Enseignantë gratis als Mapp an als .pdf zur Verfügung gestallt. Dozou gehéiert:
- eng Lektür vum Text als .mp3
- eng literaresch Analys
- eng kuerz Situéierung vum Text am Kontext vum Unterrecht
- Aarbechtsblieder
- Tafelbiller
- Kopéiervirlagen
- zousätzlech Texter
D‘Mappe versti sech als Hëllefsmëttel, ouni dass hei de Cours scho virginn ass. Sou gëtt zum Beispill méi Material zur Verfügung gestallt, wéi normalerweis zu engem Text ka genotzt ginn, an d’Material selwer léisst sech op ënnerschiddlech Manéieren a mat verschiddene Sozialformen asetzen. Deem eenzelnen Enseignant bleift doduerch e grousst Mooss u Selbststännegkeet an der Gestaltung vum Cours.
Gläichzäiteg bitt de Centre national de littérature och ëmmer erëm Formations continues zur Literatur vu Lëtzebuerger Autorinnen an Auteuren am Enseignement secondaire un.
Dir fannt all eis Dossieren um Heydoo-Site vun der Éducation nationale, dee mat der Plattform Pearltrees verbonnen ass: https://www.heydoo.lu/lu/cnl-literaturdidaktik
Méi Informatiounen zu eiser didaktescher Aarbecht kritt dir am CNL: tim.reuter@cnl.etat.lu
Bis elo sinn erauskomm:
- Guy Helminger
 Theater
 Zu enger Kuerzgeschicht aus dem Band Etwas fehlt immer, den 2005 am Suhrkamp Verlag erauskoum.
- Joseph Funck
 Kleines Schicksal
 Zur Ufankspassage vun dësem Roman, den 1934 fir d’éischt erauskoum.
- Jean Portante
 Mrs Haroy ou la mémoire de la baleine
 Zu zwee Passagen aus dësem Roman vun 1993.
- Lambert Schlechter
 Le murmure du monde et autres fragments
 Zu engem Extrait vun dësem Text aus dem Joer 2006.
- Hugo Gernsback
 Ralph 124C 41+
 Zur Science-Fiction-Literatur vum Hugo Gernsback – de Roman Ralph 124C 41+ ass vun 1911/12.
- Georges Hausemer
 Nepal. Zirkusluft, rätselhaft.
 Zu enger Reeserzielung aus dem Sammelband „Und abends ein Giraffenbier“ vun 2006
- Marie-Henriette Steil
 Der Outsider
 Zu enger Kuerzgeschicht aus dem Joer 1926
- Margret Steckel
 Die Schauspielerin und ich
 Zu engem Extrait aus dësem Roman vun 2003
- Lex Jacoby
 Bonsai
 Zu enger Kuerzgeschicht aus dem Erzielband „Wasserzeichen“, dee 1996 mam Servais-Präis ausgezeechent gouf
 
- Nicolas Konert
 Folle Jeunesse
 Zu zwee Extraiten aus dësem Roman vun 1938
 
- Guy Wagner
 Aber nach Brügge kamen wir nicht
 Zu enger Kuerzgeschicht aus dem Sammelband „Texte um Spuren“ aus dem Joer 1978
 
- Batty Weber
 Über Mischkultur in Luxemburg
 Frantz Clément
 Zwischen den Rassen
 Zu zwee kulturtheoreeteschen Essayen aus de Joren 1909 an 1923
 
- Guy Helminger
 Neubrasilien
 Zu engem Extrait aus dësem Roman vun 2010
- Alexander Weicker
 Fetzen
 Zu engem Extrait aus dësem Roman vun 1921
- Claudine Muno
 The Moon of the Big Winds
 Zu zwee Extraiten auf dësem Roman vun 1996
- Norbert Jacques
 Dr. Mabuse, der Spieler
 Zu engem Extrait aus dësem Roman vun 1921/22
- Roger Manderscheid
 die dromedare
 stille tage in luxemburg
 Zu zwee Extraiten aus dem Roman esouwéi dem Kultfilm vun 1973
- Alexandra Fixmer
 la reine du lampertsbierg
 Zu dräi Extraiten aus dëser Erzielung vun 2012
 
        
        
