Lalumi – Iwwert de grousse Séi?« (3 bis 7 Joer) vum Luc Marteling a Paulette Thinnes-Kauffmann

»Lalumi – Iwwert de grousse Séi?« (3 bis 7 Joer) vum Luc Marteling a Paulette Thinnes-Kauffmann

Lalumi – Iwwert de grousse Séi?« vum Luc Marteling a Paulette Thinnes-Kauffmann.

D’Erzielung, déi sech u Kanner vun 3 bis 7 Joer riicht, ass aus dem Buch »D’Lalumi a seng Dreem«, dat 2012 bei den Editions Saint-Paul erauskoum. Dir héiert um CNL – Lëtzebuerger Literaturchannel awer d’Liesung, wéi se op der Audio-CD »Lalumi – seng Frënn – seng Dreem – seng Reesen« ze héieren ass. Déi ass bei den Editions Schortgen ze kréien.

An Zesummenaarbecht mat RTL si 7 Lalumi-Erzielungen op der CD iwwert d’Verwandelungskënschtlerin Lalumi erauskomm mat de bekannte Stëmmen vun RTL Lëtzebuerg. Text: Luc Marteling, Zeechnungen: Paulette Thinnes-Kauffmann, Musek: Jérôme Kauffmann, Produktioun: Laurent Friederich a Christiane Kremer, Realisatioun: RTL a BCE 2015.

D'CD kritt een iwwer https://editions-schortgen.lu/ oder bei de Librairien zu Lëtzebuerg https://letzshop.lu/de

Dernière mise à jour