»Den ZOG an d’Dokteren aus der Loft« (vu 3 Joer un) iwwersat vum Martine Schoellen (Ed. Binsfeld)

»Den ZOG an d’Dokteren aus der Loft« (vu 3 Joer un) iwwersat vum Martine Schoellen (Ed. Binsfeld)

»Den ZOG an d’Dokteren aus der Loft« (vu 3 Joer un) vum Julia Donaldson an Axel Scheffler; iwwersat a gelies vum Martine Schoellen (Editions Binsfeld).
 
D’Abenteuer vum ZOG, dem klengen Draach, ginn an dësem zweete Buch weider. D’Prinzessin Pärel, de Ritter Wenzel vum Tour an den ZOG hëllefen an heelen ëmmer do, wou si gebraucht ginn. Den ZOG bréngt d’Dokteren aus der Loft ganz séier iwwerall hin a si treffe bei hire spannenden Erliefnisser op eng Mierjoffer, en Einhorn, e Léiw an nach vill aner Patienten. Dat gefält dem Kinnek awer guer net, well eng Prinzessin soll keng Doktesch sinn, mä blimmeleg Këssercher brodéieren a schéi Blummebuckie bannen. Wéi hien awer selwer krank gëtt an Hëllef brauch, muss hie seng Meenung erëm a Fro stellen ... mä kënnen d’Dokteren aus der Loft och de Kinnek retten?
 
D’Buch kritt Dir beim Editeur https://www.editionsguybinsfeld.lu/bo... oder bei Ärem Libraire https://letzshop.lu

 

Dernière mise à jour