Michel Lentz (CNL F-175-12)
Et ass sécher derwäert, de Lentz (1820-1893) – mam Dicks a Méchel Rodange „National-Dichter“ genannt – an d’Erënnerung ze ruffen. Well hien, mat Ausnam vun e puer Lidder, déi populär bliwwe sinn, e bësse vergiess gouf.
De Mars Klein an d’Actricen Julia Ariete a Sabine Rossbach weisen net nëmmen de patriotesche Lentz, ma och en Natur-Impressionist an Humorist, dee seng Lëtzebuerger kritesch kucke konnt.
Dozou lauschtere mir Vertoununge vu Lentz-Gedichter.