Carlo Hartmann & Yannchen Hoffmann
De CNL freet sech, déi bekannt a beléift Sänger Yannchen Hoffmann a Carlo Hartmann fir en Owend mat franséische Chansons z’empfänken. Freet Iech op Klassiker vum Charles Aznavour, Jacques Brel, Juliette Gréco, Édith Piaf an aneren. Den Duo gëtt begleet vum Erny Delosch um Piano.
Sot eis wgl. am Viraus Bescheed, wann Dir de Lift benotze wëllt: 326 955 1 oder cnl@cnl.etat.lu.