Eng lëtzebuergesch Odyssee: De Professer Henri Muller an d’Lëtzebuerger Sprooch

Den Henri Muller (1912-2011) huet sech laang Zäit fir d’Vermëttlung vun der griichescher Kultur zu Lëtzebuerg engagéiert, sief et als Iwwersetzer vum griichesche Schrëftsteller Nikos Kazantzakis (1883-1957) oder als Matgrënner vun der Associatioun „Les amis de la Grèce au Luxembourg“. Bei dëser Soirée soll säin Haaptwierk am Mëttelpunkt stoen: d’Iwwersetzung vum Homer senger Odyssee an d’Lëtzebuergescht. Wärend de Prof. Dr. Peter Gilles (Uni Lëtzebuerg) déi sproochlech Aspekter vun der Iwwersetzung analyséiert, gëtt dem Henri Muller säin aussergewéinlecht Liewe vu sengem Jong, dem Dr. André Muller, unhand vu privaten Dokumenter presentéiert. 

Aktualiséiert