Advent, Advent...

Foto: Christof Weber © CNL

Op Initiativ vun der Kulturkommissioun organiséiert d’Gemeng Miersch Enn 2025 ee liewegen Adventskalenner. Vum 30. November bis de 24. Dezember geet all Dag iergendwou an der Gemeng eng Adventsdier op. Hannert där Dier erwaart Iech eng Iwwerraschung.

De 15. Dezember mécht de CNL seng Viischt Dier op. Wat sech dohanner verstoppt, gëtt nach net verroden. Just esou vill: Och an der Chrëschtzäit kënnt Dir an eist Archiv eraluussen...

Dës kuerz Manifestatioun fënnt – ausnamsweis – schonn um 18h00 statt.

CMER_rgb_colour

Aktualiséiert