D’Bande dessinée huet an de leschte Joerzéngten e remarkabele Wandel duerchgemaach. Vun enger Erzielform, déi reng no hirem Ënnerhalungswäert jugéiert gouf, huet se sech esouwäit diversifizéiert, datt et mëttlerweil kee Sujet méi gëtt, deen net och an enger BD traitéiert gëtt. D’Geschicht spillt an deem Kontext eng besonnesch Roll. Si ass net nëmme vun Ufank un eng grouss Inspiratiounsquell fir Fiktiounen, si bitt och vill Méiglechkeeten, fir mam didaktesche Potential vun der BD ze experimentéieren.
Am Gespréich mat de Bédéistë Marc Angel an Antoine Grimée a mam Historiker Benoît Majerus retracéiert dës Konferenz d’Entwécklung vun der Geschichtsduerstellung an der Lëtzebuerger BD a wërft e Liicht op d’Atouten, awer och op d’Limitte vun enger villfälteger Ausdrocksform.
Dës Table ronde ass beim IFEN als Formatioun ugemellt: https://ssl.education.lu/ifen/catalog/course/290970