Wie kritt de Buchpräis?

Entdeckt d’Literaturshortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis 2024!

 

 

Zanter 2006 vergëtt de Verband vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren all Joer de Lëtzebuerger Buchpräis. Och de Public ka fir säi Coup de coeur ofstëmmen. Mee wien ass nominéiert?

De 7. November kënnt Dir méi iwwer déi Bicher gewuer ginn, déi an der Kategorie Literatur nominéiert sinn. De CNL invitéiert d’Auteuren op Walfer, fir hir Wierker virzestellen, Extraiten ze liesen an iwwer hiert Schreiwen ze diskutéieren. A ganz niewebäi entdeckt Dir sou vläicht och Äre Favorit!

Aktualiséiert