Exposition

Erageluusst

Am CNL zu Miersch dréit sech alles ëm d’Lëtzebuerger Literatur. Mir sinn en Archiv, eng Bibliothéik, e Literaturhaus an eng Plaz fir d’Recherche. Mir sammelen Dokumenter a Bicher iwwer d’méisproochegt Schreiwen hei am Land. Mat deem Material gëtt geschafft – eis Recherche publizéiere mir an Artikelen a Bicher oder weisen se an Ausstellungen, an dat zënter geschwënn 30 Joer.

An dëser Gebuertsdagsausstellung kënnt Dir an déi verschidde Facettë vun eiser Aarbecht eraluussen. Mir weisen och eis Missiounen, zum Beispill, wéi mir d’Literaturzeen hei am Land ënnerstëtzen.

Aktualiséiert