Sträit, Roserei, Polemik: Wou bleift d’Literatur?

Wat geschitt, wa Schrëftsteller*inne sech ëffentlech amëschen a Stellung huelen? Huet hir Stëmm Gewiicht iwwer hir Bicher eraus? A wat heescht “Ëffentlechkeet” an enger Zäit, wou déi anonym Hetz an de sougenannte sozialen Netzwierker ëmmer méi massiv déi argumentativ Kritik ersetzt?

 

D’Elise Schmit an de Guy Rewenig melle sech ëmmer nees an de Medien zu Wuert. D’Reaktiounen op hir Artikelen a fräi Tribüne leien dack no um shitstorm. Wéi gi si mat där Erfarung ëm? Oder anescht gefrot: Kënne Leit, déi mat der Sprooch schaffen, sech an engem Ëmfeld behaapten, wou d’Essenz vun der Sprooch ganz geziilt mat fake news zerstéiert gëtt?

 

Mat Beispiller aus hirer “polemescher Praxis” weisen d’Elise Schmit an de Guy Rewenig, op wéi eng Manéier si Faarf bekennen. Si diskutéiere mam Henning Marmulla iwwert d’Fro, ob Schrëftsteller*innen an der ëffentlecher Debatt erwënscht sinn oder éischter als lästeg Kregéiler gekuckt ginn.

 

Fotos:
    Elise Schmit (C) Philippe Matsas & CNL
    Guy Rewenig (C) Edmée Schonckert

Aktualiséiert