![](http://cnl.public.lu/dam-assets/pictures/photos/agenda/2023/shortlscht-servais2.jpg/_jcr_content/renditions/thumb-hdpi.jpg)
Design Laurence Gilbertz © CNL
Zënter 1992 vergëtt d’Fondation Servais all Joer de Prix Servais un déi bedeitendst literaresch Publikatioun vum Joer virdrun. Fir d’Qualitéit an déi thematesch, sproochlech a formal Diversitéit vun der aktueller Lëtzebuerger Literaturproduktioun z’ënnersträichen, gëtt de Jury säit 2018 net just e Gewënner bekannt, mee och eng Shortlëscht mat fënnef Titelen.
Just e puer Deeg ier mir gewuer ginn, wien de Präis 2024 kritt, invitéiert de CNL déi fënnef nominéiert Auteur*innen, fir hir Wierker virzestellen, Extraiten ze liesen an iwwer hiert Schreiwen ze diskutéieren.