De Gaston Rollinger (*1946), Dichter a Pionéier vun der Lëtzebuerger Filmproduktioun, huet säi ganzt Liewen am Quartier Hiel zu Esch verbruecht. An dësem Mikrokosmos um Fouss vum Kazebierg, tëscht der franséischer Grenz, der aler Brasseur Schmelz, de Weieren an de Minièren am Ellergronn sinn tëscht den 1990er an den 2000er Joren och seng ronn 40 Gedichter op Lëtzebuergesch entstanen.
Ouni Pathos, ma net ouni Humor, schwätze si an enger direkter, billerräicher Sprooch universell Theme wéi d’Liewen, d’Aarbecht, den Doud an d’Vergänglechkeet un. D’Hiel an den Niddergang vun der Eisenindustrie bidden dozou den Dekor.
De Museker a Regisseur Fränz Hausemer kennt den Dichter säit senger Kandheet. Wärend e puer Joer huet hie sech intensiv mat sengem Wierk beschäftegt an eng Partie vu senge Gedichter vertount. Dorausser ass e ganz perséinlechen an intimisteschen Album entstanen.
Piano a Gesang: Fränz Hausemer
Mat him op der Bün stinn de Marco Lorenzini (Rezitatioun), Benoît Martiny (Perkussioun), Benoît Legot (Kontrabass) an d’Renata van der Vyver (Braatsch).