Edmond Dune

Lundi littéraire de la Bibliothèque municipale de Differdange
Edmond Dune
©Wolfgang Osterheld

D’Déifferdenger kennen säin Numm dank dem Park Edmond-Dune, deen drun erënnert, dass de Franséisch schreiwenden Dichter, Schrëftsteller a Journalist, deen 1987 als éischten Auteur mam Batty-Weber-Präis ausgezeechent gouf, als Kand eng Zäit zu Déifferdeng gewunnt an an de 50er Joren de Zenario fir de Film Differdange, ma petite ville geschriwwen huet. Vu sengem Wierk hunn d’Éditions Phi ënnert der wëssenschaftlecher Direktioun vum CNL a mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum Kulturministère eng Editioun realiséiert, déi all d’Facettë vu sengem Schafe beliicht: seng Poesie, an där d’Natur, d’Kandheet an d’Léift eng grouss Roll spillen, säin Theater, deen existenzialistesch Zich opweist, seng Prosa, déi vu Kuerzgeschichten a sprëtzegen Aphorisme bis zu laange Contributiounen an der Paräisser Revue Critique reecht, a seng Korrespondenz, déi seng international Vernetzungen, säi Wonsch no Unerkennung am Ausland, mee och seng schillernd Perséinlechkeet a säi mouvementéiert Liewen erëmspigelt – den Edmond Dune war Friemelegionnaire an huet de Krich an der Brigade Piron matgemaach.

D’Myriam Sunnen (Konferenz), detachéiert Franséischprofessorin am CNL, an d’Doris Feiereisen (Lecture), Franséischprofessorin a Benevole am CNL, féieren duerch d’Wierk an d’Liewe vum Edmond Dune an erziele vun hirer Editiounsaarbecht u senger Prosa a Korrespondenz.

 

Réservation requise (bibliotheque@differdange.lu) ou par téléphone: 58 77 1-1920

Dernière mise à jour