Musikalesch Zäitrees duerch déi lëtzebuergesch Gedichterwelt

Noémie Sunnen (Sopran), Magali Weber (Mezzo-Sopran), Tatsiana Molakava (Piano), Myriam Sunnen (Aféierung)
©Claude Dequiotz

An dëser musikalescher a literarescher Zäitrees entdeckt een eng Villfalt vu Lidder an Duetten, komponéiert vu Lëtzebuerger Komponist.innen aus dräi verschiddene Joerhonnerten op Texter vu Lëtzebuerger Schrëftsteller.inne wéi dem Anise Koltz, dem Michel Lentz, dem Paul Palgen an dem Edmond Dune. Nieft Uropféierunge stinn och bekannt Melodien um Programm an d’Literaturwëssenschaftlerin Myriam Sunnen gëtt en Abléck an d’Sich no dësen Texter an an hir literaresch Bedeitung.

 

Weider Informatiounen an Ticketen op www.kulturhaus.lu

Aktualiséiert