Lecture & Gespréich

Net just Gegrimmels

En Owend mam Lex Roth
Lex Roth
Lex Roth
Foto: Roger Muller, © Collection CNL

90 Joer krut en am Juni an och am héijen Alter hält de Lex Roth d'Sprooch an Éieren: All Mount laut en eng Klack fir se, viru Kuerzem huet e Gegrimmels a Schnoken am Takt erausbruecht an nodeems en ewell dem Asterix an dem Jean de La Fontaine Lëtzebuergesch bäibruecht hat, huet en an der Pandemie dem Camus säi Friemen a seng Pescht iwwersat.

 

Am CNL ënnerhält sech de Luc Marteling, Direkter vum ZLS, mam äerdege Sproochaktivist, deen aus senge Wierker an Iwwersetzunge liest.

Dernière mise à jour