Mierscher Theaterdeeg

1. Juni: Ouverture am Centre national de littérature, 19h30

2.-4. Juni: Spektakelen, Liesungen an Diskussiounen am Mierscher Kulturhaus

 

Vum 1. bis de 4. Juni dréint sech zu Miersch nees alles ëm den Theater: Déi zweet Mierscher Theaterdeeg bidden nieft Spektakele wéi Lovefool vum Gintaré Parulyté, stark bollock naked vum Larisa Faber oder DAZWISCHEN frei vum Fabienne Elaine Hollwege och Musek, Liesungen an Diskussiounsronne mat Theaterschafenden. Bei dëser zweeter Editioun spille weiblech Stëmmen eng ganz besonnesch Roll: Si prägen d’Theemen op der Bün, iwwerhuelen d’Regie hannert der Bün a reflektéieren iwwer d’Schreiwe fir d’Bün.

D’Detailer a weider Informatioune fannt Dir op www.kulturhaus.lu
Reservatioun an Ticketen op www.luxembourgticket.lu an T. 47 08 95 1

Dernière mise à jour