Kritesch gesinn: Literaturkritik tëscht Kassandraruff a Maartgejäiz

Basic RGB
People with thumbs up symbol
©Rawpixel Ltd.

Bei den Assises sectorielles vum Buch, déi den 10. Januar an der BnL stattfonnt hunn, hunn d’Acteure vum Buchsecteur iwwer verschidden aktuell Theeme geschwat – ënner anerem och iwwer den Zoustand vun der Literaturkritik zu Lëtzebuerg. Den 21. Juni invitéiert de CNL véier Kritiker*innen an Auteur*innen, fir dëst Gespréich weiderzeféieren: Wie schreift Rezensiounen zu Lëtzebuerg – a wie liest se? Huet de klassesche Feuilleton an Zäite vu BookTok nach eng Zukunft? Wéi geet e klenge Literaturbetrib mat Luef a Verrëss ëm? A wat ass iwwerhaapt d’Aufgab vun der Literaturkritik?

 

Iwwer dës an aner Froen diskutéieren de Guy Helminger, de Jérôme Jaminet, de Jeff Schinker an d’Claire Schmartz.

 

Bildrechter: image by rawpixel.com on Freepik

Aktualiséiert