
Maxime Weber
©Photo: Seif El Islam Essam
Den Institut grand-ducal, section des arts et lettres an de CNL invitéieren op d’Remise vum
Prix Arts et Lettres 2022
Ausgezeechent gëtt de Maxime Weber fir säi Roman Das Gangrän, deen 2021 bei Kremart Edition erauskoum.
Lëtzebuerg. En onerklärlecht Naturphänomen breet sech wuerzelaarteg aus. Eng jonk Fra, déi nom Studium erëm zeréck an hiert Heemechtsduerf komm ass, versicht, sech zesumme mat hire Frënn an hirer Famill op dat virzebereeden, wat een net virbereede kann. Das Gangrän beschreift d’Auswierkunge vun dëser Situatioun op d’Gesellschaft an op den Enzelen. Dobäi gi gesellschaftspolitesch a philosophesch Froe gestallt, déi eng grouss Aktualitéit hunn.