Firwat net?

Lëtzebuerger Literatur an de Schoulen

Bei den Assises sectorielles vum Buch, déi den 10. Januar an der BnL stattfonnt hunn, hunn d’Acteure vum Buchsecteur iwwer verschidden aktuell Theeme geschwat – ënner anerem och iwwer d’Plaz an d’Funktioun vun der méisproocheger Lëtzebuerger Literatur an de Schoulen. Mir wëllen dës Diskussioun am CNL weiderféieren an ënnerschiddlech Perspektiven op dat komplext Theema zesummebréngen.

Et diskutéieren d’Jeanne E. Glesener, den Olivier Gloden, de Marc Michely an de Sébastian Thiltges. Moderatioun: Nathalie Jacoby an Tonia Raus.

D'Enseignantë kënne sech d'Veranstaltung als Formatioun beim IFEN urechne loossen.

 

Image by Freepik

Aktualiséiert