Lecture / Lesung

Schnéiwäiss Männer

De Guy Rewenig an de Claude D. Conter liesen

Schnéiwäiss Männer ass en Dialogtext aus dem Guy Rewenig sengem Buch Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch (Éditions Guy Binsfeld 2020): Zwee fréier Schoulkollegen, déi sech zanter fofzeg Joer net méi gesinn hunn, begéine sech zoufälleg op enger Parkplaz zu Mamer. Si diskutéieren, stëppelen a kritiséieren, huele sech een deen aneren op den Aarm, lamentéieren iwwert hir Kränkten oder schwadronéiere monter droplass. Hir Rees an déi eege Vergaangenheet ass skurril, lächerlech an och traureg, voller Ironie a Roserei.

 

Den ongewéinlechen Duo Rewenig/Conter ass zoufälleg zustan komm, wéi d'CNL-Liesrees am Fréijoer 2021 an der BnL zu Gaascht war. D'Première vun der Lies-Performance den 1. Dezember 2021 am CNL zu Miersch war direkt ausgebucht, vill Leit kruten deemools keng Plaz méi.

 

Elo kommen déi „schnéiwäiss Männer” endlech – no zwou krankheetsbedéngten Ofsoen am Oktober 2022 – an den TNL a lästeren, knadderen, philosophéieren a geckse 70 Minutte laang, ouni e Blat virun de Mond ze huelen.

 

Virstellung: TNL- Théâtre National du Luxembourg

23. Abrëll 2023, 17h

Co-Produktioun: TNL an CNL

Reservatioun: tnl.lu

Aktualiséiert