Concert-conférence / Konzert-Vortrag

Edmond de la Fontaine alias DICKS

Säi Liewen, säi Wierk, seng Musek

Fir den 200. Gebuertsdag vum bekannte Lëtzebuerger Dichter a Komponist Dicks (1823-1891) invitéiert de CNL op eng Soirée mat Konferenz, Musek a Gesang.

D’Literaturhistorikerin Josiane Weber presentéiert dem Edmond de la Fontaine säi mouvementéiert Liewen a säi villsäitegt Wierk. D’Extraiten an d’Gedichter gi gelies vun der Schauspillerin Véronique Kinnen. Soliste vun der Chorale Municipale vu Woltz sange beléifte Lidder aus dem Dicks sengen Operetten ewéi De Scholtscheîn, D’Mumm Sĕs, D’Kirmesgèscht, De Ramplassang, Op der Juôcht an Eng Stemmonk. Si gi begleet um Piano vum Alain Putz an dem Claude Windeshausen.

Aktualiséiert