
D’Kulturministesch Sam Tanson
d’Directrice vum Lëtzebuerger Literaturarchiv Nathalie Jacoby
de Präsident vun der Fondation Servais Emmanuel Servais
de Präsident vum Jury vum Prix Servais Sébastian Thiltges
invitéieren Iech op de Finissage vun der Ausstellung
Imaginer Servais
Preisgekrönte Literatur erleben
op d’Virstellung vum Buch
Imaginer Servais
an op
d’Presentatioun vun der Shortlëscht
vum Prix Servais 2023
de 27. Mäerz 2023 um 19.30
zu Miersch am CNL
2, rue Emmanuel Servais
L-7565 Miersch
D’Ausstellung ass deen Dag ab 18.00 op.
Zënter dem 30. Mäerz 2022 kann een am CNL déi 30 Bicher, déi vun 1992 bis 2021 de Prix Servais kritt hunn, an eenzelen audiovisuelle Vignetten entdecken. Mam Buch Imaginer Servais kann een dës Zesummenaarbecht tëscht dem CNL, der Fotografin Véronique Kolber an den Tounkënschtler Martin Engler, Paul Ford a Luka Tonnar elo och nom Finissage vun der Ausstellung erliewen.
An am Laf vum Owend gi mir gewuer, wie fir de Prix Servais 2023 nominéiert ass...