De Renert als politesch Satir

Dem Michel Rodange säi Renert ass keng kannereg Déieregeschicht a kee patriotesche Gesank. Et ass de Konträr: déi gréisste politesch Satir vun der Lëtzebuerger Literatur. Si zeechent en eemolegt Bild vun der biergerlecher Gesellschaft vum 19. Joerhonnert.

De Journalist Romain Hilgert an de Schauspiller Steve Karier setzen den Text an den historesche Kontext vun enger Zäit vun Industrialiséierung, Krich, Kulturkampf a Revolutioun. Si weisen, wéi d’Fuussefabel an eng literaresch Traditioun passt an doraus erauswiisst. Si sichen no de Quellen an de Grenze vum Dichter sengem Weltbild. A si verzielen, wéi d’Satir méi wéi ee Joerhonnert laang verharmloost an zenséiert gouf.

Wéinst der aktueller sanitärer Situatioun ass d'Umeldung fir den Owend obligatoresch a kann online gemaach ginn: https://reservation.literaturarchiv.lu/renert/

Den Owend fënnt ënner dem Covid-Check 3G Régime statt.

Dernière mise à jour