De CNL op de Walfer Bicherdeeg
19. an 20. November 2022
D’Walfer Bicherdeeg fannen dëst Joer ënnert dem Motto „Vom Wachsen und Wurzelnschlagen“ statt. A wéi schonn d’lescht Joer, si mir och dëst Joer Partner vum Programm vun de Liesungen. Souwuel samschdes wéi och sonndes invitéiere mir Iech an d’Maison Dufaing. Zwee Auteure liesen am Tandem a kommen da mateneen, mat eis, a mam Public an d’Gespréich. Freet Iech op flott Liesmomenter, Echangen a Renconteren!
Et liesen: Serge Basso de March, Tomas Bjørnstad, Anja Di Bartolomeo, Marc Graas, Maria Grazia Galati, Mil Goerens, Germaine Goetzinger, Fabienne Hollwege, Josiane Kartheiser, Paul Lanners, James Leader, Carla Lucarelli, Enrico Lunghi, Kerstin Medinger, Roland Meyer, Claudine Muno, Nathalie Ronvaux, Pit Schlechter, Claire Schmartz, David Thinnes an Tina Zeiß-Zippel.
Maison Dufaing, direkt um Rond-Point zu Walfer
Samschdeg, 19.11. tëschent 15h00 an 19h00
Sonndeg, 20.11. tëschent 15h00 an 18h00
Den detailléierte Programm fannt Dir op der Internetsäit bicherdeeg.lu.