
Schnéiwäiss Männer ass en Dialog aus dem Guy Rewenig sengem Buch Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch (Éditions Guy Binsfeld 2020): Zwee fréier Schoulkollegen begéine sech zoufälleg op enger Parkplaz zu Mamer. Si diskutéieren, stëppelen a kritiséieren, lamentéieren a schwadronéiere monter droplass.
Den ongewéinlechen Duo Rewenig/Conter ass zustan komm, wéi d'CNLiesrees 2021 an der BnL zu Gaascht war. Dat huet sou vill Spaass gemaach, datt si spontan decidéiert hunn, méi e grousst Stéck aus deem Text virzeliesen. D'Première vun hirer Lies-Performance den 1. Dezember 2021 am CNL zu Miersch war direkt ausgebucht.
Elo kommen déi “schnéiwäiss Männer” an den TNL a lästeren, knadderen, philosophéieren a geckse 70 Minutte laang, ouni e Blat virun de Mond ze huelen.
Eng Co-Produktioun TNL/CNL
Déi zwou Representatiounen vu Schnéiwäiss Männer sin op den 8. (20h00) an 9. (17h00) Oktober verluecht ginn.
Virstellungen: Samschdeg, 8. Oktober 2022, 20 h
Sonndeg, 9. Oktober 2022, 17 h
Reservatioun: www.tnl.lu
Das Théâtre National du Luxembourg muss leider mitteilen, dass die neuen Vorstellungen vom 08.10.2022 und 09.10.2022 " von Schnéiwäiss Männer“ wiederum wegen Krankheit abgesagt werden müssen.
Neue Termine werden schnellstmöglich bekannt gegeben
Die Rückerstattung der Tickets erfolgt über Luxembourgticket.
Wir entschuldigen uns aufrichtig für diese Unannehmlichkeiten.
