Myriam Sunnen, Konferenz
Noémie Sunnen, Sopran
Tatsiana Molakava, Piano
Dank de Beméiunge vun enger Rei Musekologen a Museker ass d’Wierk vun der Lëtzebuerger Komponistin Helen Buchholtz iwwer déi lescht Joren a Joerzéngten nei entdeckt an zougänglech gemaach ginn. Ënner hire Kompositioune fënnt een och Vertoununge vu Lëtzebuerger Auteuren (Albert Elsen, Willy Goergen, Lucien Koenig, Marcel Noppeney, Joseph Tockert, Nikolaus Welter…). Kuckt een awer d’Titele vun de Wierker, déi an der leschter Zäit opgefouert an enregistréiert goufen, da stellt ee fest, dass d’Lidder a Lëtzebuerger Sprooch oft ënnerrepresentéiert sinn, vläicht well si esouwuel ästhetesch wéi och vun den Iddien hier, déi si vehiculéieren, manner eise Wäertvirstellungen entsprieche wéi aner Kompositiounen. Dëse Concert-Conférence soll et erlaben, déi Texter an hir Vertounungen aus enger kulturgeschichtlecher an historescher Perspektiv eraus besser ze verstoen a méi gewuer ze ginn iwwer d’Literatur an d’Musek zu Lëtzebuerg an der 1. Hallschent vum 20. Joerhonnert.
Am Kader vum « Salon de Helen Buchholtz » - Esch/Uelzecht Europäesch Kulturhaaptstad 2022.
Weider Informatiounen an Ticketen op www.lesalondehelenbuchholtz.lu
(Reservatioun recommandéiert)