CNLiesrees

Wie liest hei?

Eng Liesung mam Tomas Bjørnstad a Guy Rewenig

Säit dem 12. Mee wësse mer, dass hannert dem norwegeschen Heteronym Tomas Bjørnstad de Lëtzebuerger Auteur Nico Helminger steet. De 15. Juni kënnt hien op Mamer a begéint do dem Guy Rewenig, deen d’Spill mat den alldéeglechen Absurdéite selwer gären op d’Persoun vum Auteur riicht. Zesumme beliichten si mat de subtile Mëttele vun der Literatur aktuell politesch a gesellschaftlech Tendenzen an entlarve »Wäerter«, déi oft an den Irrwitz féieren.

Dobäi geet et am Spill mat multiplen Identitéiten, falsche Färten a méideitegen Aussoën ëmmer ëm dat Wesentlecht.

Den Tomas Bjørnstad an de Guy Rewenig liesen aus a schwätzen iwwer Von der schönen Erde an Den Herkull Heng béit mam klenge Fanger e Lutepotto an der Strooss viru sengem Haus a kritt décke Sträit mam Elektricitéitswierk.

Moderatioun: Tim Reuter

CNLiesrees op Mamer a Kooperatioun mat dem Kinneksbond Mamer an der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren

Reservatioun: 26 39 5 160 oder info@kinneksbond.lu

D’Reservatioun ass obligatoresch.

Dernière mise à jour