CNLiesrees

Wéi am Theater?

Liesung a Gespréich mam Jean-Paul Maes, Claude Schmit a Jemp Schuster

Geet een als Schauspiller, Dramatiker oder Regisseur anescht un d’Schreiwe vun engem Roman erun? Ass et méi einfach, sech mat Personnagen z’identifizéieren oder geet een op Distanz?

Dräi Theaterleit, de Jean-Paul Maes, de Claude Schmit an de Jemp Schuster, liesen an diskutéieren aus an iwwer hir Bicher: Rehaugen, Les Fleurs du mâle a Bluttsëffer/Ouereschlëffer.

Moderatioun: Pascal Seil

D’Leit kënnen hir Plaze beim Kulturhaus Niederanven entweder iwwert Telefon op der Nummer 26 34 73 1 oder per Mail op info@khn.lu reservéieren.

 

CNLiesrees op Nidderanven a Kooperatioun mat dem Kulturhaus Niederanven an der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren

 

 

Aktualiséiert