CNLiesrees

Tëschent an dran an iwwert den Zeilen

Liesung a Gespréich mam Jhemp Hoscheit, Maryse Krier a Roland Meyer

Och dëst Joer kënnt d’CNLiesrees op Maarnech: De Jhemp Hoscheit, d’Maryse Krier an de Roland Meyer presentéieren hir nei Bicher. Dobäi gëtt ee scho virwëtzeg, wann een nëmmen d’Titelen héiert: Tëschent den Zeilen, Königskinder a Vu Reptiloiden an ale wäisse Männer... wat kënnt do op eis duer? Méi doriwwer, wat sech hannert an tëschent den Zeile verstoppt, gitt der bei der Liesung am flotte Gespréich mat den Auteure gewuer.

Moderatioun: Claude Kremer

CNLiesrees op Maarnech a Kooperatioun mat dem CUBE 521 an der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren.

Aktualiséiert