CNLiesrees

Wat läit am Däischteren?

En Owend mam Guy Helminger a Gast Groeber

Leider muss d’CNLiesrees vum 30.06. an der BnL ofgesot ginn.

Wou ass de Konrad Schnittweg? Ass hien en Terrorist oder wëllen anerer hie lassginn? Géift Dir fir Är Meenung een dout maachen?

A wat ass virun 80 Joer geschitt? An deem klengen Éislécker Duerf? Firwat fiert de Julien iwwerhaapt ouni Luuchten nuets mam Auto?

Dem Guy Helminger säi Roman Lärm stellt Froen no politescher Radikaliséierung a weist gläichzäiteg, spannend wéi e Krimi, wéi wéineg een deem traue kann, wat een erzielt kritt. Am Gast Groeber sengem Roman Nuetsfuerer gëtt e Schrëftsteller gefrot, d’Geschicht vun engem aarmen Däiwel ze recherchéieren a geréit dobäi an d’Däischtert vu fréier an haut.

Héich Zäit also, fir Luucht an dat Ganzt ze bréngen – de Guy Helminger an de Gast Groeber schwätze mam Nathalie Jacoby a mam Claude D. Conter.

Den Entrée ass fräi. D'Reservéierung ass obligatoresch.

CNLiesrees a Kooperatioun mat der BnL an der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren

 

Dernière mise à jour