CNLiesrees

Owesgeflüster

Liesung mam Roland Harsch, Jos Kayser, Julie Vinandy-Schmit a Maxime Weber

Nuets, wann een net schlofe kann, kommen allerhand Gedanken.

Dobäi kann deen ee sech d’Zäit mat Witz a Sproochspillerei verdreiwen, wärend deen aneren an enger Welt versénkt, déi sech méi a méi opléisst. Wann ee sech drop aléisst, kann ee ganz nei Déiften entdecken. Oder et geléngt engem e Bléck an d’Zukunft. Op alle Fall ass herno näischt méi sou, wéi et virdru war...

De Roland Harsch, de Joseph Kayser, d’Julie Vinandy-Schmit an de Maxime Weber liesen aus Pillem oder Këssen, Lapsuus, Engelsflilleken an Das Gangrän. A si verroden eis, wat d’Nuecht hinnen zouflüstert...

Moderatioun: Pierre Marson

Méi Infoen & Reservatioun
LU/DE
Fräien Entrée, Reservatiounen ënner: info@cooperations.lu

CNLiesrees op Wolz CNL a Kooperatioun mam Prabbeli a mat der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren.

Dernière mise à jour