CNLiesrees

Wat wibbelt do am Gaart?

Kannerliesung mam Isabelle Hild, Marc Weydert, Jill Winandy

Et wibbelt am Gaart vum Prabbeli! Firwat, freet sech de Fuuss, huet de Schleek säin Haus um Réck, awer ech net? Wär dat net praktesch? An déi zwee ginn an de Bësch kucken, wéi et deenen aneren Déiere geet. Vläicht kéint ee jo och alles anescht maachen? Dobäi gëtt awer och esou munches verdruddelt – an al Märecher a Soen sinn op eemol ganz lieweg a modern. War dat do d’Melusina an der Bidden an der Stad? A wat ass mat der léiwer Fee Kressida, déi esou gär deenen aneren e Wonsch erfëllt? Leider héiert si net gutt a versteet net alles richteg. Dowéinst geet beim Zauberen esou munches schif...

Bestëmmt kënnt dir hir hëllefen! Kommt a lauschtert, wann et am Gaart wibbelt!

D’Isabelle Hild, de Marc Weydert an d’Jill Winandy liesen aus Watgelift?, Verdruddelt Geschichten an A wann...?.

Méi Infoen & Reservatioun
LU, 6+
Fräien Entrée
Reservatiounen ënner: info@cooperations.lu

CNLiesrees op Wolz CNL a Kooperatioun mam Prabbeli a mat der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren.

 

Aktualiséiert