CNLiesrees

Zoo, Zelt oder Zuch

En Owend mam Francis Kirps, Jeff Schinker a Wendy Winn

Eng ganz Menagerie vun ongewéinlechen Déieren an absurd-komesche Situatiounen.  De Soundtrack – an de Bulli – vu coole Musiksfestivalen. D’Poesie vun der dagdeeglecher Zuchfaart op d’Schaff an zréck. A matzen dran de Francis Kirps, Bühnepoet, Satiriker a Servais-Präisdréier, de Jeff Schinker, Musikfanatiker an Autofiktionalist, an d’Wendy Winn, en »train robber who steals impressions«. Whatever floats your boat! Entdeckt nei Literatur(en) an engem ofwiesslungsräiche Mix vu Liesung a Gespréich!

Moderatioun: Nathalie Jacoby

CNLiesrees a Kooperatioun mat dem Trifolion an der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren

Aktualiséiert