CNLiesrees

Rollespill

Liesung a Gespréich mam Guy Helminger, Nathalie Ronvaux a Florent Toniello

Madame Köpenick nennt de Guy Helminger seng »Beziehungskomödie«, an där nieft dem bekannten »Hauptmann« och d’Émilie Blum, déi Fra, bei där hie jorelaang zu Lëtzebuerg gewunnt huet, fir sech eng Stëmm revendiquéiert. Am Theaterstéck Moi, je suis Rosa! vum Nathalie Ronvaux schwätzt d’Lady Rosa of Luxembourg, déi Skulptur, déi 2001 zu Lëtzebuerg eng kontrovers Diskussioun ausgeléist huet, vun deem, wat si vun hirem Sockel erof erlieft. An och am Florent Toniello sengem Gedichtband Vidée vers la mer pleine ass et eng Fraestëmm, déi de Lieser duerch dat – modernt – Liewe begleet.

 

Déi dräi Auteure stellen dobäi d’Vitalitéit vum Ausdrock mat vill Ironie a Witz duer – och an hire Liesungen. En Owend mat (mindestens) sechs Stëmmen!

Moderatioun: Fabienne Gilbertz

CNLiesrees op Ettelbréck a Kooperatioun mat dem CAPE, der Ettelbrécker Bibliothéik an der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren

Aktualiséiert