CNLiesrees

Verpasst näischt!

Tom Nisse, Anne-Marie Reuter a Nora Wagener – Liesung a Gespréich. Musek: Claire Parsons

Léisst den Tom Nisse d’Kaz aus dem Sak?

Wat huet d’Nora Wagener verpasst?

A wat fir eng Kreatur hänkt do iwwert eis? Wëssen d’Virginia (Woolf?) an d’Anne-Marie Reuter méi doriwwer?

Ruisseau de sel, Was habe ich verpasst a Blue sinn Texter, an deenen ënnerschiddlech Schichte vu Realitéit a Fantasie genau dat beschreiwen, wat tëschent den alldeegleche Wierder läit. A wat ee vill ze oft verpasst.

Eng Liesung an dräi Sproochen an e Gespréich op Lëtzebuergesch mam Tom Nisse, Anne-Marie Reuter a Nora Wagener.

Moderatioun: Myriam Sunnen

Den Entrée ass gratis.

D’Sëtzplaze si begrenzt, eng Reservatioun dowéinst erfuerderlech op: inscriptions@kulturfabrik.lu  

CNLiesrees op Esch/Uelzecht a Kooperatioun mat der KUFA an der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren.

Dernière mise à jour