
Den Här Müller spréngt iwwert säi Schied a land am Guinness-Buch ass no Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen an Do wéinstens däi Sonnebrëll aus, wann s de mam Kapp duerch d’Mauer renns dat drëtt Buch an enger Trilogie vu kuerzen Texter, an deenen de Guy Rewenig hannert d’Fassade vum Liewen zu Lëtzebuerg, an och hannert d’Fassade vun der Sprooch kuckt. Gläichzäiteg verschwënnt am Jean Back sengem Roman L’Arc di Marianna eng grouss Léift duerch eng Naturkatastroph hannert enger Fassad vun Erënnerung an Trauer, bei där net alles sou ass, wéi et op den éischte Bléck schéngt.
Eng Rees duerch eist kollektiivt an individuellt Bewosstsinn; eng Rees queesch duerch Europa vum Friaul bis op Lëtzebuerg. An e Gespréich mam Claude D. Conter a Germaine Goetzinger queesch duerch Bicher an Iddien.
Moderatioun: Claude D. Conter a Germaine Goetzinger
Reservatioun: reservation@bnl.etat.lu
D’Reservatioun ass obligatoresch.
