CNLiesrees

Die sogenannte Wirklichkeit – L’invention du réel

En Owend mam Tullio Forgiarini a Guy Helminger

Dem Guy Helminger an dem Tullio Forgiarini hir nei Romaner, Die Lombardi-Affäre an Céruse, verwëschen op eng jeeweils eegen Aart a Weis déi angeblech kloer Demarkatioun vu Fiktioun a Realitéit. Och de Lieser gëtt Deel vun dësem literaresche Spill. Wiem kann ee gleewen? Wat ass erfonnt? A wat ass eigentlech mam Auteur? Séier (ze séier?) schwätzt ee vun Autofiktioun...

E Gespréich iwwert d’Literatur an hire Betrib, iwwert d’Wierklechkeet an hiert Erfannen, iwwert den Auteur a säin (Alter) Ego.

Moderatioun: Nathalie Jacoby

 

Reservatioun: 26 39 5 160 oder info@kinneksbond.lu

D’Reservatioun ass obligatoresch.

Dernière mise à jour