
Schnéiwäiss Männer ass en Dialogtext aus dem Guy Rewenig sengem Buch Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch (Éditions Guy Binsfeld 2020): Zwee fréier Schoulkollegen, déi sech zanter fofzeg Joer net méi gesinn hunn, begéine sech zoufälleg op enger Parkplaz zu Mamer. Si diskutéieren, stëppelen a kritiséieren, huele sech een deen aneren op den Aarm, lamentéieren iwwert hir Kränkten oder schwadronéiere monter droplass. Hir Rees an déi eege Vergaangenheet ass skurril, lächerlech an och traureg, voller Ironie a Roserei.
Den ongewéinlechen Duo Rewenig/Conter ass zustan komm, wéi d'CNLiesrees am Fréijoer 2021 an der BnL zu Gaascht war. Deemools hat de Guy Rewenig de Claude D. Conter gefrot, fir e puer kuerz Passagen aus Schnéiwäiss Männer matzeliesen. Dat huet hinnen an och dem Public sou vill Spaass gemaach, datt si spontan decidéiert hunn, zesumme mol méi e grousst Stéck aus deem Text virzeliesen. Elo ass et sou wäit, am CNL hunn déi zwee Hären e ganzen Owend fir sech.
Wéinst der aktueller sanitärer Situatioun ass d'Umeldung fir den Owend obligatoresch a kann online gemaach ginn: https://reservation.literaturarchiv.lu/LGR/
Den Owend fënnt am Kader vum Covid-Check Regime statt. Den Zougang ass also strikt limitéiert op Leit, déi geimpft, getest oder geheelt sinn. All Visiteur vun 12 Joer an 1 Mount muss e gültege CovidCheck-Certificat digital oder op Pabeier presentéieren, dee bestätegt dass Dir:
- géint de COVID-19 geimpft sidd
- negativ op de COVID-19 getest ginn sidd
- no enger COVID-19-Infektioun erëm gesond sidd