Mir wëlle bleiwen, wat mir ginn

© Julie Conrad Design Studio

Am Kader vun der Expo 2020 Dubai huet e Kënschtlerkollektiv sech Gedanken doriwwer gemaach, wat Lëtzebuerg ass. Ee vun de Wierker, déi sou entstane sinn, ass eng Anthologie mat Lëtzebuerger Poetinnen a Poeten, déi op hier Aart a Weis iwwer Identitéit, Zukunft an Zesummenaarbecht reflektéiert hunn. Wéi passt Konscht an eng Weltausstellung, déi sech reng ekonomesch orientéiert? Ass d’Schéinheet vum Vers onofhängeg? Soll een d’Poesie vun engem Land iwwerhaapt exportéieren?

De Guy Helminger schwätzt doriwwer mat de visuelle Kënschtler Karolina Markiewicz a Pascal Piron, mat der Dichterin Ulrike Bail a mam Auteur Ian De Toffoli.

D’Gedichter liest d’Schauspillerin Brigitte Urhausen.

De Klangkënschtler Patrick Muller an Zesummenaarbecht mat United Instruments of Lucilin verwandelt d’Stëmme vum Carla Lucarelli a Khalid Abubakar a Musek.

Wéinst den aktuelle Restriktiounen ass d’Reservatioun obligatoresch.

Aktualiséiert