Alain Atten: D‘Hobitz … a méi

Vun der Jonggesellekëscht bei de Jakobswee, vum d‘Jeanne d‘Arc bei de Sproochmates, vum Max a Miz bei D‘Hobitz: Dem Alain Atten seng Affinitéit zur Sprooch, säi Wëssen iwwer lokal Bräich a säi Faibel fir historesch Sujeten hunn zu engem villfältege Wierk gefouert. Viru Kuerzem ass eng nei Geschicht erauskomm, déi eis mat an d‘Joer 1593 hëlt, wéi d‘Hollänner Dikrech iwwerfale wollten … an e fréiere Kanonéier hinnen hir bescht Waff gegrapst huet: D‘Hobitz.

Op dëser Werkschau-Soirée stellt de Luc Marteling, Direkter vum Zenter fir d‘Lëtzebuerger Sprooch, den äerdegen Auteur, Chercheur, Dialektolog an Dokumentalist vir. Natierlech liest de Sproochmates och aus sengem Wierk.

Wéinst den aktuelle Restriktiounen ass d’Reservatioun obligatoresch.

An Zesummenaarbecht mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch

Aktualiséiert