CNLiesreess

Erzieler an Erzielen – kleng a grouss Geschicht(en)

Eng Liesung mam Jemp Schuster, Joseph Kayser a Georges Kieffer

E ganzt Joerhonnert erzielt de Jemp Schuster a senge Romaner Bluttsëffer an Ouereschlëffer a gëtt domat dem Liewen an engem Éisleker Duerf Faarf an Toun.

Spannend ass dat, wat do geschitt, genau wéi dat, wat sech am Joseph Kayser senger Erzielung Gleef net wat d’Fréijoer der versprécht hannert den Diere vun enger privater Bank ofspillt, an där d’Vergaangenheet e laange Schied wërft.

An och dat, wat d’Personnagen am Georges Kieffer sengem Roman Iwwerliewen vu Syrien bis op d’Musel er- an iwwerliewen. An déi angeblech kleng Geschichte vun all eenzeler Figur spillt dobäi ëmmer erëm d’Weltgeschicht eran.

Moderatioun: Claude Kremer

Reservatioun: 521 521 oder per Mail op: info@cube521.lu

D’Reservatioun ass obligatoresch.

Dernière mise à jour