Duerch déck an dënn – vu kuerzen Texter a ville Säiten

Eng Liesung mam Josiane Kartheiser, Christiane Kremer a Romain Butti

A faarwegem Look an am handleche Format presentéiert d’Serie Timba vu Kremart Édition kuerz Texter op Lëtzebuergesch, déi een iwwerall mathuele kann an ëmmer erëm gäre liest. D’Josiane Kartheiser an de Romain Butti sinn zwee vun den Auteuren, déi an dëser Serie publizéiert hunn an och an dësem klenge Format raffinéiert Geschichten erzielen.

Nieft dëse kuerzen Texter presentéiert d’Christiane Kremer hiren éischte Roman De Bicherbus, deen an der – mat SREL-Affär a Regierungskris – politesch turbulenter Zäit vun 2013 spillt.

Moderatioun: Nathalie Jacoby

Reservatioun: 521 521 oder per Mail op: info@cube521.lu

D’Reservatioun ass obligatoresch.

Dernière mise à jour