CNLiesrees

Sprooch ass méi wéi Wierder...

Liesung a Gespréich mam Ulrike Bail, Tom Hengen a Lambert Schlechter
Print

wie viele faden tief, Journeys into Modern Mythologies, Mais le merle n’a aucun message

Schonn d’Titele vun de Lyrikbänn, aus deenen d’Ulrike Bail, den Tom Hengen, an de Lambert Schlechter liesen, si Beispiller derfir, wéi wäit Wierder goe kënnen, wéi genau se och dat bezeechne kënnen, fir dat et kaum Wierder gëtt, wéi exakt een sech am Gedicht vun engem aneren erëmfanne kann. Sou een Owend léisst sech net wierklech plangen, do ëmgëtt ee sech mat Sprooch wéi mat Musek. Mä näischt ass zoufälleg. An am Gespréich wäerte mer och eppes iwwer Bitzgeschier, Märelen an eng ganz modern Mythologie gewuer ginn.

Moderatioun: Nathalie Jacoby

 

Reservatioun: +352 26 72 39 1 oder per Mail: info@trifolion.lu

D’Reservatioun ass obligatoresch.

Dernière mise à jour