Eng Koproduktioun vum Centre national de l’audiovisuel (CNA) a vum Centre national de littérature (CNL)

SCHACKO KLAK

Virstellung vum Roger Manderscheid sengem Roman als Lauschterbuch, gelies vum Steve Karier

 

Den 21. Oktober 2020 um 20 Auer am Centre national de l’audiovisuel (CNA) zu Diddeleng.

De Steve Karier liest Extraiten, musikalesch Begleedung vum André Mergenthaler.

 

schacko klak. biller aus der kandheet (1935-1945) ass dem Roger Manderscheid säin éischte Roman op Lëtzebuergesch. En ass 1988 dräi Joer nom Guy Rewenig sengem Roman Hannert dem Atlantik bei den Editions Phi erauskomm. Am Mëttelpunkt vun der Handlung steet de Chrëscht Knapp, deen an 32 Kapitele vu senger Kandheet zu Izeg an de Jore virun a wärend der Nazi-Okkupatioun a vun senger éischter Léift, dem Jhuliett Reiter, verzielt. De Roman zeechent e Portrait vun deem, dee »blatzkueder«, »jeizi« oder »toxi« genannt gëtt, op zwee Erzielniveauen, op där enger Säit aus der Perspektiv vum Véierjäregen, op där anerer aus der Siicht vum 56-Järegen, deen zanter 20 Joer zu West-Berlin wunnt, an d’Vergaangenheet a Bréiwer un d’Jugendfrëndin reflektéiert.

Dësen ikonesche Roman vun der moderner Lëtzebuerger Literatur läit elo als Lauschterbuch am MP3-Format an als Audiodatei fir erofzeluede vir.

»Et gëtt sécher keen anere Schrëftsteller hei zu Lëtzebuerg, dee sou wéi de Manderscheid eis Literatur verännert huet. Duerch séng literaresch Aarbecht huet hien de Wee virbereet fir e ganz neit Identitéitsgefill vun de Lëtzebuerger Schrëftsteller.« (Robert Gollo Steffen)

 

Den Entrée ass fräi. D’Zuel vun de Plazen ass begrenzt.

Dofir meld Iech w.e.g. bis den 19.10.20 un per Email un d'Adress:  visites@cna.etat.lu

Aktualiséiert