Léif Lieser a Frënn vum CNL

No engem Joer, an deem mir eis alleguer a villem hu missen ëmgewinnen, an an deem vill Leit, deene Konscht a Kultur um Häerz läit, mat enger schwéierer Situatioun hu missen ëmgoen, fille mir eis am CNL nach e bësse verwinnt. Well mat der Aarbecht un der Literatur hu mir e Support, dee scho laang virun 2020 all Présentiel brilliant virtuell iwwerbréckt huet. Dir gesitt un eiser Publikatiounslëscht, dass mir och weider mat der Welt kommunizéiere konnten. Dat literarescht Wuert ass präsent, och wann den Auteur net nieft eis sëtzt. Mir hu Chance.

Mä et féiert awer kee Wee dru laanscht:

Dir feelt eis! D’Auteuren, d’Editeuren, d’Kulturjournalisten, d’Librairen, déi och mol bei eise Manifestatioune Bicher verkafen, a natierlech eise Public, mat deem mir an der Salle Tony Bourg an am Café littéraire bis elo d’Literatur an d’Literaturwëssenschaft entdecken a feiere konnten.

Dofir wënsche mir Iech –  an eis – fir 2021 vill Geleeënheeten, fir iwwer alles, wat dir dëst Joer gelies, gekuckt a geduecht hutt, ze schwätzen.

 

Mir wënschen Iech schéi Feierdeeg an e glécklecht a gesond neit Joer 2021!

 

d’Équipe aus dem CNL

Nach den jüngsten Maßnahmen der Regierung gegen die COVID19-Pandemie, bleibt die Ausstellung Luxemburg und der Zweite Weltkrieg vom 26. Dezember 2020 bis zum 10. Januar 2021 für die Öffentlichkeit geschlossen.
Der Lesesaal bleibt nach Terminvereinbarung zugänglich.

A la suite des mesures récentes prises par le Gouvernement contre la pandémie du COVID19, l'exposition Luxemburg und der Zweite Weltkrieg reste fermée au public du 26 décembre 2020 au 10 janvier 2021.
La salle de lecture reste ouverte sur RdV.

Dernière mise à jour