Buchvirstellung

Fortification

Sechs Geschichten iwwer eng Stad ewéi keng aner

D’NATIONALBIBLIOTHÉIK, ZESUMME MAT DE FRËNN VUN DER 9. KONSCHT
AN DEM LËTZEBUERGER LITERATURARCHIV, INVITÉIEREN OP D’VIRSTELLUNG VUN DER BD FORTIFICATIONS

D'Buchvirstellung Fortific(a)tions fënnt dësen Donnersteg um 19 Auer am Livestream via Youtube a Facebook statt. Kuckt eran an entdeckt dëst fonkelneit Buch.

D’Stad Lëtzebuerg feiert 25 Joer UNESCO-Site, also de Klassement vun der Festung Lëtzebuerg an hire Faubourgen als Patrimoine Mondial vun der UNESCO. Do schwätzt muncheree gären iwwert al Steng. Ma de Patrimoine ass lieweg, wann d’Leit an de Mëttelpunkt geréckelt ginn, déi an der Festungsstad gelieft hunn.

An der BD FORTIFIC(A)TIONS erziele sechs Zeechner an Zeechnerinnen, de Marc Angel, d’Marion Dengler, den Andy Genen, den Antoine Grimée, d’Sabrina Kaufmann an d’Pascale Velleine, souwéi dräi Zeenaristen, de Lucien Czuga, de John Rech an de Jean-Louis Schlesser, Geschichten op Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch – an op verschidde Manéieren: Manga, Comic, franséischbelsch Schoul, graphesche Roman, schwaarzwäiss oder faarweg.

Mir stellen déi nei BD fir, e Projet vun der Associatioun D’Frënn vun der 9. Konscht. Bei der Presentatioun gitt Dir gewuer, wéi eng Maueren a Gebaier d’Kënschtler faszinéiert hunn, u wéi eng Geschichten erënnert gëtt a firwat de Protagonist Jim Steller aus dem Joseph Funck senger Erzielung Kleines Schicksal (1934) weidergeschriwwe gouf. Op der Plaz sinn d’Artisten, déi ons de Projet méi no bréngen. Moderatioun gëtt iwwerholl vum Claude D. Conter (BnL) a Claude Kremer (CNL).

Dernière mise à jour