Cette manifestation est annulée!
De Komponist Claude Lenners huet an de leschte Jore sëllege Gedichter vertount.
Elo huet hien e neit Wierk kreéiert: Herzkammermusik op der Grondlag vum Jean Krier senge Gedichter aus Eingriff, sternklar. Och virgestallt gëtt Les insectes vum Lambert Schlechter, Klagelied vum Georg Trakl a Nachtgesänge 7 & Hälfte des Lebens vum Friedrich Hölderlin.
De Claude Lenners féiert ons an an d’Welt vun der zäitgenëssescher Musëk a presentéiert nei an al Wierker, zesumme mat : Marie-Reine Nimax (Sopran), Béatrice Rauchs (Piano), Christina Ewald, Anne Clement, Julia Russer (Blockflütt), Max Mausen (Klarinett), Maurizio Spiridigliozzi (Akkordeon), Hany Heshmat (Gittar).
An Zesummenaarbecht mat Noise Watchers Unlimited