Annulatioun
vum Roland Meyer senger Liesung haut den Owend (12.03)!
»Fréier war alles besser«, gëtt ëmmer nees gesot, dobäi war villes gutt wat hätt kënne besser sinn a villes war schlecht, well mir et net besser woussten. Et war eben anescht!
Glous ass eng kabarettistesch Liesung aus enger Zäit ouni Handy a Computer, ouni Kreditkaart a Greta, dofir iewer mat Fräiheet a Gréisst. Mir si mëttes ouni Opsiicht an de Bësch gaangen an owes hu mir op der Strooss Football gespillt. A mir hunn et iwwerlieft. An der Schoul goufen et Punkten a Pouten a jiddereen huet gefëmmt.
De Roland Meyer mécht sech mat vill hannerhältegem Humouer an onerwaartem Sproochwitz op d’Sich no enger verluerener Zäit, woubäi hien net ëmmer sécher ass, ob en net just nach ee poléiert Spigelbild dovun erbléckst an ob en se och wierklech erëmfanne wëllt. An trotzdem gloust et nach an eis bannenan, an eis all.
Am Februar kënnt bei Op der Lay den Erzielband Glous eraus.